2013 gouf Thillens & Thillens gegrënnt vum Thillens Luss, Thillens Pit a Bruno Jourquin. D’Zil war et e neie Büro opzebaue fir äre Projet am Norden. D’Kombinatioun vun der joerzéngte laanger Erfarung vum Luss a Bruno mat der jonker Dynamik vum Pit huet et dem néie Büro erlaabt fir séier erfollegräich ze sinn.
De Büro wëllt äre Partner si souwuel an de private wéi ëffentleche Projet’en an de Beräicher Architektur, Innenarchitektur an Urbanismus.
Vue d’Komplexitéit vun den Dossier’en si mir intern op de Wee gaange fir eis zousätzlech Kompetenz an d’Haus ze huelen an esou dem Bauhär ze erméiglechen op enger Platz eng integral Berodung fir säi Projet ze kréien. Duerch eis Schwesterfirme kritt dir eng Äntwert fir all är méiglech Froen op engem Rendezvous.
Thillens & Thillens – Architektur, Innenarchitektur an Urbanismus
B-Secure – Baustellensecherheet
N-Ergie – Energieberechnungen an Haustechnik
N-Gineer – Déifbau a Statik
S-Built – Opmooss an Laserscanning
Eist Zil ass ären eenzegen Uspriechpartner ze sinn an all Beräich vun ärem Projet.
Mir freeën eis ob Iech
De Pit an d‘Equipe vu Schieren